Jugendbericht 2020
Wéi Dir wësst war d’Joer 2020 en aussergewéinlecht Joer duerch den lästegen Virus, den ons bis elo ze schaffen mëscht.
Duerch déi sëlleg sanitär Moossnamen hu mir net esou vill Aktivitéiten wei an den vergaangen Joren konnten maachen.
E groussen Merci un ganz Équipe vun den Betreier bei der Aarbecht mat der Jugend.
E Merci un Gemeng, un all aktiven an inaktiven Pompjeeën vir all Hëllef an der Jugensaarbecht.
An de Méint Januar, Februar a bis an den hallwen Mäerz konnten d’ Übungen vun de Jugendpomjeeën nach wéi gewinnt ofgehalen ginn.
Duerno koum eng laang Paus vun 6 Méint wou d’Kanner eng Schlaang aus selwer bemoolten Steng konnten maachen.
Wou et erëm lass gaangen ass mat den Übungen, sinn déi 32 Jugendlech an 3 Gruppen opgedeelt ginn. Dës Gruppen haten hir Übung ofwiesselnd fir Gefor vun enger Ustiechung ze verklengeren.
Dofir haten mir am Joer 2020 nëmmen 29 Aktivitéiten mat 387 Jugendlecher bei den Kanner op dat ganzt Joer gekuckt.
Des Weideren waren 3 Jugendlecher bei den Pompjees-Dokter (Medico).
No den Virbereedungen an dem Ofhalen vum Buergbrennen, wou iwwert das ganze Weekend gekuckt 62 Jugendpompjeeën dobäi waren, sinn ausserdeem 10 Jugendlecher bei enger Wanterwanderung zu Koler mat getrëppelt an 11 Jugendlecher waren beim Cortège vun der Journée Commémorative dobäi.
Eis Jugendleeder waren trotzdem nach an ca. 20 Versammlungen, lokal a regional. Dës Versammlungen waren zu engem groussen Deel als Videokonferenz.
Dëst war schonn den Réckbléck op d’Joer 2020.
Leider kënne mir aus bekannten Grënn duerch den Covid 19 keng extra Aktivitéiten plangen, obwuel nach e puer Saachen opstinn, wei zum Beispill: eng Visite am Pompjeesmusée zu Hermeskeil, eventuell eng Visite bei den Pompjeeën um Findel, Trëppeltier, Völkerball-Turnéier, …asw.
Och hätten sollen Päischten 2021 e Jugendzeltlager zu Köln sinn, deen ass op Päischten 2022 verluecht ginn fir d’Gesondheet vun all bedeelegt Persoun ze schützen.
Meng Équipe an ech hoffen, Dir hutt all Verstees de mech, dass mir ons fir des Moossnamen entscheet hunn an wënsche Iech all e weidert gesond Joer.
Merci, an bis geschwënn.