Aktivitéitsbericht vun den Jugendpompjeeën vum Joer 2021
Fir d’éischt e grousse MERCI un d’Diane, d’Laurie an de Jean-Paul fir hir Ënnerstëtzung mat den Kanner. E Merci geet och un all aktiv an inaktiv Pompjeeën an un d’Elteren vun den Kanner. Och geet nach een Merci un eis Gemeng an hier Aarbechter an un den CGDIS.
Wéi dat Joer virdrun haten mir duerch d’Pandemi leider ee méi kuerzen Programm, mat méi Pausen tëschent den Übungen fir d’Ustiechungsgefor ze miniméieren.
Mir hunn 32 Jugendlecher betreit, déi mir ufanks an 3 Gruppen an spéider an 2 Gruppen opgedeelt hunn.
Soubal d’Bestëmmungen et erëm erlaabt hunn, hunn 27 Jugendpompjeeën un den verschiddenen lokalen Aktivitéiten deel geholl.
Ons Jugend huet sech 66 mol bei den verschidden Aktivitéiten getraff, wat insgesamt 523 Präsenzen vun Jugendlecher ausmécht.
Den 1. Hëllef-Cours hunn 2 Persounen gemaach. Bei den Pompjeesdokter (Médico) waren 10 Kanner an Jugendlecher.
Beim Nationalfeierdag a bei der “Journée de la Commémoration Nationle” ass eis Jugend och mat marschéiert.
Beim nationalen Pompjeescross zu Rouspert sinn 5 Kandidaten matgelaf.
Am Oktober war een regionalen Völkerball-Tournéier zu Mënsbech mat ca. 50 Spiller, déi an 7 Équipen opgedeelt waren. No enger 2. Platz am Joer 2020 hunn mir ons verbessert an hunn 2021 déi 1. Platz gewonnen, wat de Kanner d’Motivatioun ginn huet op dat nächst Turnéier.
Net vergiessen däerfen mir déi 7 Jugendlecher, déi an de Méint Oktober an November fir den Wëssenstest geléiert hunn.
5 Kanner hunn 20 Stonnen fir den FIS 1.1 geléiert an 2 jonk Damen hunn 30 Stonnen fir den FIS 1.2 geléiert. Dobäi kennt och nach den Widderhuelungsdag den mir zesummen mat der Lëntgener Jugend zu Lëntgen am CIS verbruecht hunn, wou mir och gutt bekäschtegt goufen. Hei hunn mir all Fach vum Wëssenstest mat hinnen duerchgeholl, wat hinnen eppes bruecht huet, well si hunn den Test all gepackt.
Ouni Jugend huet d’Cheféquipe (Leaderéquipe) sech 8 mol getraff fir Preparatiounen ze maachen oder zum Beispill den Programm ofzeschwätzen.
Fir d’Kleedung an Uniformen sinn gutt 30 Stonnen drop gaangen. Fir Schreiwereien (Berichter, Invitatiounen, asw.), sinn och gutt 20 Stonnen drop gaangen
Dobäi kommen nach 7 Versammlungen vun ca. 2 Stonnen op der regionaler Basis, wou all Kéier 2 Jugendleeder deel geholl hunn.
Ausbléck fir 2022:
Den 5. Februar 2022 sinn 90 jonk Pompjeeën mat hiren Betreier, wou mir och selwer mat 12 Kanner an 4 Betreier dobäi waren, eng Streck vun ongeféier 7 Kilometer tëschent dem Mariendall an dem Hunnebuer getrëppelt. Bei dësem Tour bei schéine Wieder sinn e puer nei Frëndschaften entstan. Als Ofschloss vum Trëppeltour ass beschtens fir Wuel gesuergt ginn mat Gedrénks an Gegrilltem.
Duerch d’Pandemi an aus Sécherheetsgrënn huet eis Jugend beim Buergbrennen leider net matgemaach an mir hoffen dass d’nächst Joer erëm alles wéi gewinnt ofleeft.
Viru Kuerzem kruten mir vun eise Frënn vun Köln matgedeelt, dass si den Päischt-Camp (Zeltlager) äifreg plangen. An der Hoffnung, dass des Aktivitéit net nach eng Kéier duerch den Virus verréckelt muss ginn, wäerte mir eng schéin Zäit mat onsen Frënn aus Köln an aus Rethen verbréngen.
Weider wollten mir nach verschidden Aktivitéiten ënnerhuelen, wéi zum Beispill:
- Eng Visite am Pompjeesmusee zu Woltz
- Eng Visite am Pompjeesmusee zu Hermeskeil
- Eng 24 Stonnen-Übung
- En Spillerdag, vun der Regioun Zentrum zu Béiwen organiséiert
- En Völkerball-Tournéier
- De Wëssenstest am November
- Kommunal an regional Manifestatiounen
Leider mussen mir eis ëmmer een 2. MTW ausléinen, wann mir Übungen oder Aktivitéiten hunn, déi net an onsem CIS sinn. Fir dat net ze oft mussen ze maachen, reduzéieren mir des Aktivitéiten souwäit wéi méiglech.
Fazit: Zum Wuel vun onsen Jugendpompjeeën wär en 2. MTW an onsem CIS vun Virdeel.